Project Description

Cameroun
15.02.2020 – 23.02.2020

Preparatiounen

November 2019 – Februar 2020

Virun der Rees hu mir eis reegelméisseg getraff fir eisen Openthalt ze plangen. D’Engagement vun de Schüler an den Elteren, aneren Associatiounen a Sponsore war grouss. Mir hunn ëm déi 28 Walissen zesummekritt, voll mat Schoulmaterial, Bicher a medezineschem Material, 150 Fussballschong, Trikoen, Strëmp, Sportskleeder a Bäll. Mir soen dofir och nach eng Kéier Merci!

Dag 1:
Jour J

15.02.2020

Eis Rees an de Kamerun huet schonn um 5h30 ugefaangen. Mam Bus si mer op de Flughafe Charles de Gaules zu Paräis bruecht ginn. De Flughafen ass esou grouss, datt mer eis verlaf hunn. Vun do aus si mer op Yaoundé geflunn, wou d’Schwëster Brigitte um Flughafen op eis gewaart huet. Eis Rees vun der Haaptstad Yaoundé bis op Akono war ganz interessant. Den Auto war eng Zort Pick-up, a well d’Stroossen net gutt sinn, si mer gutt gerëselt ginn. Eréischt géint Mëtternuecht si mer zu Akono begréisst ginn, um Campus vum Collège Stoll.

De Sproch vum Dag:
Eng Schülerin rifft: “Ech hu kee 4G!”
D’Proffe soen: “Winn dech drun!”

Dag 2:
Visitt vum Campus

16.02.2020

“Ulila”, dat heescht Moien hei zu Akono. Haut de Moien ware mir an enger Mass hei zu Akono. Mir krute mëttes ee lokale Fësch mat enger lokaler Zooss, a gebroden, gesalzte Bananne mat Räis a Bounen.
Am Nomëtten hu mir d’Visitt vum Campus vum College Stoll gemaach an eng Visitt vum Seminaire.

Dag 3:
Team Teaching English&Géographie
Tournoi de Foot et Volleyball

17.02.2020

Haut si mir déi éischte Kéier an d’Klasse kucke gaangen, a mir hunn um Cours deelgeholl. Do haten mir d’Chance, d‘Schüler an hiert Land bësse kennen ze léieren an ze gesinn, wéi et bei hinne sou ass. Virum Mëttegiessen hu mir eis alleguer zesummen um Haf erëmfonnt, fir de Schüler vum Collège Stoll d’Spenden ze iwwereechen. Den Nomëtteg hu mir domat verbruecht, géint si Volleyball a Fussball ze spillen, leider hu mir déi zwee Matcher verluer. Owes hunn d‘ Meedercher onerwaarte Besuch vun zwou Rate kritt.

Dag 4:
Team Teaching Mathé&Physique

Échange sur la durabilité
Tournoi de Foot et Volleyball

18.02.2020

Haut den Moien hu mir mat den Afrikaner zesumme Mathé a Physikscours gehat, dat war zimmlech flott, well mir eis gutt mat den Afrikaner austausche konnten, an eis Stäerkten an Schwächten entdecke konnten. Den Mëtten hu mir no engem gudde Mëttegiessen eis du mat de Schüler iwwert d’Ëmwelt an de Klimawandel ausgetosch an hinne puer Tipps ginn, wat si an Zukunft ännere kéinten, dass manner Plastik an Dreck produzéiert gëtt. Dono hu mir géint verschidde Schüler e Volleyball- an Fussballsmatch gespillt. Beim Fussballsmatch huet och den Direkter vum Collège Stoll deelgeholl. Mir hunn déi 2 Matcher gewonnen a ware glécklech doriwwer. Et war e ganz flotten Dag mat ganz vill Spaass.

Dag 5:
Visitt vum Site & Lëtzebuergesch Cours

19.02.2020

Haut si mir wéi déi lescht 5 Deeg um 6:30 opgestanen, fir um 7 moies ze iessen. Duerno krute mir um Punkt 7:30 vun enger vun de Schwësteren de Rescht vum Site gewisen. Mir hu gesinn wou si hir Hénger souwuel wei hir Geessen, Schwäin an Inten halen. Dozou hu mir och de Schwësteren hiert Formatiounslager vu bausse gesinn. No eiser Visitt si mir iesse gaangen, an dunn si mir mat eise Matschüler aus dem Kamerun an den Lëtzebuergeschcours gaangen, wou mir dann de Schüler aus dem Kamerun Basicfroen an Äntwerte fir sech virzestelle gewisen hunn. Mir hunn och e Spill gespillt, wou mir an Equippen opgedeelt gi sinn, an et misst een aus der Equipe ee fir eis onbekannte Begrëff un d´Tafel mole goen, a mer missten erroden, wat et ass. Dobäi hu mer d’Wierder ëmmer op Franséisch an op Lëtzebuergesch gesot. Doropshin hu mir nach eemol eist Lidd widderholl, wat mer op der Soirée culturelle sange wollten. Zum Schluss stoung nach eng drëtt Ronn Fussball a Volleyball um Programm.

De Sproch vum Dag:
Eng Schülerin: “Boah, mir hu jo eng Steckdous”!

Dag 6:
Visitt “école pratique d’agriculture” zu Binguela
Besuch vun enger Bauerefamill
Soirée culturelle

20.02.2020

Den Donneschden, den 20. Februar, nom Moiesiessen, hu mir mat puer Schülerinne vum Collège Stoll traditionell Plate preparéiert, déi mer dann owes ze schmaache kritt hunn.

Nom Mëttegiessen hu mir eng Visitt vun der “école pratique d’Agriculture” zu Binguela gemaach, déi eng Stonn vun Akono wäit ewech war. Mir hu leider net vill Déiere gesinn, well d’Leit all scho fort waren, awer dofir hir Maschinnen an eng mega schéi Landschaft. Duerno si mir bei eng Baurefamill gefuer, en ale Schüler aus der Schoul. Och hinnen hu mir Saache gespent, a mir kruten e grousse Merci an en onvergiesslecht Laache vun hire Kanner. Mir haten déi Méiglechkeet ze entdecken ënner wéi enge Konditioune si do liewen. Fir de Wee zeréck hu mir nach e witzege Moment gehat, d’Waliss wou d’Spend dra war, war eidel um Daach vun eiser Camionnette, an ass wärend dem Fueren erofgefall. Mir missten an der Mëtt vun der Strooss stoe bleiwen an se siche goen. Dat war e ganz witzege Moment, well mer dat scho virausgesinn haten. Wéi mir beim Collège Stoll ukomm sinn, eng Stonn méi spéit wéi et sollt sinn, ware mir op der Soirée culturelle. D’Schüler vum Collège hu gedanzt, gesongen an nach villes méi. Et war eng mega schéin an onvergiesslech Show, si sinn all ganz talentéiert. Mir waren och op d’Bün fir “hey meng Boma” (Serge Tonnar) ze sangen, dat war och ganz witzeg, a si waren all ganz frou mat eisem Optrëtt. Mir hunn eis all richteg gutt ameséiert, an duerno ware mir iessen. Et war e wonnerschéinen Dag, voller Spaass an Iwwerraschungen.

D’Spréch vum Dag:
E Schüler: “Wa mir e giele Fleck gesinn, wësse mir datt d´Waliss fort ass”
E Schüler: “Am Fong ass Uebst schonn eppes Feines.”
Eng Schülerin: “Madamm ech muss op d’Toilette!” Mme Koster: “Géi net, et ass fuerchtbar!”
E Schüler: “Ou Madamm, ass de Monsieur um Daach?”
E Schüler: “Mir sinn an Afrika, ech hoffen, mir gesi schlëmm wëll Déieren!” Mme Koster: “Majo, mir gesinn dech!”

Dag 7:
Entrevue mam Bëschof
Besuch vun der Basilika an Universitéit
Owesiesse beim Bëschof

21.02.2020

Haut krute mir Besuch vum Bëschof, deen ons schonn um 7 Auer erwaart huet. No dem Frühstück ass hie rëm fortgaangen. Duerno hu mir eng Visitt vum Duerf Akono gemaach. Mir waren um Maart an um Site touristique “Akok Bekoe”. Herno hate mir Fräizäit bis zum Depart Richtung Haaptstad Youndé. Wärend dëser Zäit hu mir jidderengem mat Tréinen Äddi gesot.

Wou mir du ënnerwee a Richtung  Youndeé waren, hu mir komesch, awer witzeg Momenter op der Strooss gehat. Zum Beispill war do een Auto op der Géigespuer, deen am Réckgang gefuer ass, a wéi et schéngt och keng Problemer domat hat. Dann hate mir gemierkt, dass di meescht Autoe getéitscht waren oder hallefweegs kapott waren, jedoch war dat kee Problem fir si wärend d’ Tute gaangen ass.

Wou mir am „Hotel“ ukoumen, hu mir direkt gemierkt, dass mir décke Luxus haten, mat fléissendem Waasser, enger Klimaanlag,…

Nodeems mir an den Zëmmeren ausgepak hunn, huet eise Chauffer eis bei d’Basilika vu Youndé bruecht, a mir goufe vun engem Paschtouer ronderëm geféiert. No der Basilika hu mir ee Besuch an d‘ Universitéit fir Theologie gemaach, wou an der Zäit nach de Seminaire vun Akono war. Do huet eis den Direkter vun der Uni empfaangen.

No der Visitt si mir an d’Wunneng vum Bëschof vu Youndé gaangen. Do goufe mir mat engem richtegen “Festmahl” empfaangen an haten eng enorm Wiel un Iessen.

D’ Spréch vum Dag:
E Schüler: “Wëllt dir d´Rucksäck och do dra maachen? An deen ee Raum??”
Eng Schülerin: “Mir war haut sou langweileg, datt ech meng Eltere vermësst hunn!”

Dag 8:
Visitt Orphelinat
Marché artisanal
Retour Aéroport

22.02.2020

Um 8 gouf et Kaffi an duerno hu mir eis op de Wee gemaach fir an d’Kannerheem. Wéi mir ukomm sinn, stoungen d´Kanner schonn do a 4 Reien an hu fir eis gesongen. Am Kannerheem sinn den Ament 50 Kanner vu 6 bis 14 Joer al.
Hir Wunnsituatioun ass ganz o.k., hier Sanitäranlage sinn e bëssen ofgenotzt, an si hunn e Problem: well d’Heem ënnen an engem Lach läit, staut sech bei hinnen d’Ofwaasser.

Mëttes si mer op den “Marché artisanal” gefouert ginn, wou mir d’Méiglechkeet haten, eis e Souvenir ze kafen. Owes si mir op de Flughafe bruecht ginn, wou mer nom Check-in nach emol vun der Schwëster Brigitte rausgeruff gi sinn. Um Parking ukomm, huet eis d’Schwëster mat engem Picknick iwwerrascht: gegrillte Banannen, Spiissen a Fësch a souguer Waasser, nëmme fir eis! Mir souzen dann nach e bësse mat der Schwëster, mat de Chaufferen a mam Direkter vun der Schoul vun Akono um Parking vum Flughafen op extra Still, di d’Schwëster organiséiert hat. De Boarding ass gutt verlaf, an eise Fliger ass pünktlech gestart. Just eis Gitarren hun eis e bësse gefeelt an d’Stëmmung war gedréckt, well mir all zimmlech midd vum Dag waren, an nach e bësse méi laang hätte bleiwe wëllen.

Dag 9:
Retour Luxembourg

23.02.2020

A Frankräich ukomm, hu mir eise Bagage erëmkritt. Dee war vill méi liicht wéi fir dohinner. Mir hunn direkt eise Bus geholl fir zeréck op Lëtzebuerg. Am Bus hu mir alleguer geschlof, well mir midd ware vum Trajet. No e puer Stonnen Faart, si mer um Parking vum LLJ Site ukomm, a mir waren als éischt schockéiert vum schlechte Wieder. Well et gereent huet, misst alles schnell goen. Eis Famillen hunn eis empfaangen, a mir hunn eis Äddi gesot. Doheem hu mir zesumme mat eiser Famill d’Fotoe gekuckt, eis Andréck matgedeelt an eis onvergiesslech Aventure gezielt, déi mir erliewen dierften. De ganze Grupp vum LLJ Hope Kamerun huet wëlles, nach eng Kéier dorower ze fléien. Bis dohinner probéiere mir, e puer Projeten an Aktiounen hei zu Lëtzebuerg gemeinsam ëmzesetzen.

*See you soon Cameroun*