Loading Events
This event has passed.

Télévie beweegt Jonglënster um Groussen Télévie-Dag, dem 27.4. kennt dir moies vun 9h00 bis 13h00 um Indoor Cycling (10€ fir eng Stonn)deelhuelen, dëst am CK Fitness wou och en Expert iech zur Säit steet. Mëttes ass de “Walk and Run” organiséiert vum Lënster Lycée, ronderëm an duerch de Lënster Lycée. 5€ pro Schüler an 10€ pro Erwuessener ginn un den Télévie. Präisser ginn et fir déi Persoun an déi Equipe déi am meeschten Ronnen gelaf sinn. Jiddereen ass wëllkomm!